letras.top
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z 0 1 2 3 4 5 6 7 8 9 #

letra de big mec - turnup tun

Loading...

[verse]
13 januar 94 gebuer an der stad
e klengen tonnar an eng räich famill déi alles hat
mir hunn ni gehongert ech war ëmmer sat
souguer méi wéi dat, fir den dessert ass nach platz, nach en 2. sécher dat

zimmlech séier war ech dunn e bësse mockeleg
an der schoul hu kanner gelaacht jo se mobbe mech
mee t‘ war mir egal am ufank hunn ech matgelaacht
firwat se dat maan nee dat wosst ech net t’ waren nëmme kanner

am turne gouf ech rëm als leschtе gepickt
normal, wie wollt schonn de fеttsak an der ekipp
egal, ech sot mer jo déi lescht sinn ëmmer déi bescht
obwuel ech spaass hat fillen ech mech ëmmer sou schlecht

am schwammen hunn ech mech geschummt mech auszedoen, erauszegoen
sécher vun de blécker war ech just beim tauche goen
ech si selwer schold, soll mech net bekloen
dag fir dag krut ech dat ze verstoen

meng mama ass mat mir gerannt vun dokter zu diététiciennen
déi sech anscheinend sou gutt auskennen
verschreiwe mer pëllen, setze mech op regime
packen dat vläicht puer wochen dono bauen ech nees eng deprimm
am lycée ass alles nëmmen nach schlëmmer ginn
hu mech net getraut de gurls ze soe wat ech fir se fillen
krut nimools komplimenter fir mäin ausgesinn
ech sinn net an hirer liga an ech duecht dat misst sou sinn

nee ech hu kee schéine body, nee ech fille mech net schéin
ech fille mech sou elle rappe witzer mee verspiere pain
sinn de klasseklon bréngen all mënsch zum laachen ech si beléift
mee wann ech eleng sinn drécken ech erëm eng tréin

war jalous op meng kolleegen
well si meedercher ofschleefen
wärend ech meng kilos schleefen
ganz eleng mäi kapp e käfeg

konnt nëmmen dovunner dreemen
wéi et ass endlech ze neelen
wollt mäin ziel endlech erreechen
endlech léift vun engem meedchen

meng kolleegen hunn hier erfarunge laang scho gemaach
op meng 1. erfarung hunn ech vill ze laang scho gewaart
hat den éischte s-x mat 18, pff wat soen ech iech
hat mäin 1. kuss mat 18, stell der dat emol vir

déi 1. kéier huet ee meng gefiller erwiddert
déi 1. kéier war sou nervös ech hunn nonstop geziddert
déi 1. kéier wou ech sou eppes fillen
déi 1. léift licht h-ll wéi d‘sonn duerch den niwwel
du hues mech verännert, ech gouf e bessere mënsch
seit ech dech kennen hat mäi liewen endlech nees e sënn
awer trotzdeem hat ech dat gefill ech hätt dech net verdéngt
du eng prinzessin ech e fettsak dee sech dauernd bedrénkt

[chorus]
jo ech sinn e big mec
big häerz, big brain maache big flex
big bags, big chains schreiwe big texts
big love ech hunn sou villes ze ginn
big love fir hatt well hatt wëll e big mec

big b-tt, big tits mir hu big s-x
big life, big parra maache big tracks
big love ech hunn sou villes ze ginn
big love fir mech well ech sinn e big mec

[verse]
weess de wéi dat ass
all déi blécker tëschent eekel a laachen
weess de wéi dat ass
ze déck ze si fir schéi kleeder ze kafen
weess de wéi dat ass
sech all dag am selbstmatleed ze verlafen
weess de wéi dat ass
so weess de wéi dat ass
éischte studium an der schwäiz ech hunn et genoss
all dag party, all dag friessen all dag gëtt sech besoff
t‘war mer alles egal ech verléieren d‘kontroll
d‘rechnung koum no 3 joer: 30 kilo zougeholl

ech war verzweiwelt, wéi soll ech dat dann nëmme packen?
meng doktesch sot mer ech bräicht eng op wann ech mech net rappen
kucken an de spigel kucken direkt nees fort
wéi kann een sech selwer sou haassen, fille mech net gesond

ech hu schwieregkeeten opzestoen, schwieregkeete laang ze goen
schwieregkeete mech ze bécken a meng f-cking schong ze strécken
wéi vill still sinn zerbrach, wéi vill better ageknéckt
nee des welt ass net gemaach fir déi déck

mëttlerweil sinn ech genervt wa meng eltere mech froen
wéi et mam gewiicht géing goe loosse mer näischt méi soen
muss dat selwer erdroen, muss mech selwer duerchploen
hunn d’gefill kee ka mech wierklech verstoen

mol net meng frëndin

dat meedche wat mech deemools gekusst huet ass bal 9 joer bliwwen
sinn him éiweg dankbar well hatt huet mer richteg léift gewisen
du sooss mer dass du och ënnert mengem gewiicht leids
wat e bullsh-t sou eppes ze soe mat denger slim taille

sinn net lasskomm vun dir well ech duecht keen anere wéilt mech hunn
awer no laangem hin an hier hunn ech et endlech duerchgezunn
déi 1. kéier single a mengem erwuessene liewen
hu mech ze laang zréck gehale wëll nach sou villes erliewen

no all eenzele f-cking kuerf wéinst mengem iwwergewiicht
hätt ech mech am léifsten higeriicht, brudder mee ech bleiwe richt
ech weess wien ech sinn an ech weess wat ech kann
jo du weess ech hu sk!lls a meng beats déi si krank

hu mäi kierper na net gär mee si scho vill méi no drun
jo dat liewen ass net fair mee fléien net aus der bunn
a meng wierder voller schmäerz awer net ouni hoffnung
duerch mäi wiesen a mäin häerz fillen sech girls ugezunn

27 joer an ech hunn et na net verschafft
all déi f-cking kommentarer jo se maache mech krank
aner rapper maan de geck, menge sie wäre krass
ech wéilt sou gär driwwerstoen, och wann ech et net kann

well wa mech eppes stéiert, ganz egal wat et ass
schwätzen ech et direkt un, nee spillen nemmi do mat
a wann‘s och du net an dat schéinheetsideal passt
da lauschter mer mol no well du bass gutt wéi‘s de bass

[chorus]
jo ech sinn e big mec
big häerz, big brain maache big flex
big bags, big chains schreiwe big texts
big love ech hunn sou villes ze ginn
big love fir hatt well hatt wëll e big mec

big b-tt, big tits mir hu big s-x
big life, big para maache big tracks
big love ech hunn sou villes ze ginn
big love fir mech well ech sinn e big mec

jo ech sinn e big mec
jo ech sinn e big mec
jo ech sinn e big mec
jo ech sinn e big mec

letras aleatórias

MAIS ACESSADOS

Loading...